Guirsch's Place to Bee


Direkt zum Seiteninhalt

Loun eng Bei

LUX / FR / DE

Dir sidd :

- Eng Entreprise
- Eng Gemeng
- En Veräin, eng Associatioun, ...
- Eng Privatpersoun
- Eng Schoul, eng Maison Relais, …
...

Dir intresséiert Iech fir :

- D'Natur an d'Beien ze ënnerstëtzen
- D'Aarbecht vum Imker
- Eegenen Hunneg ze hun
- En regionalen Imker ze ënnerstëtzen.
- Är "CSR" ervir ze hiewen,

Mir sinn:

- Eng Hobbyimkerfamill aus dem Westen vum Land, dei 2018 mat der Passioun "Beien" ugefang huet.
- Dei eischt zu Letzebuerg dei dat Konzept och fir Privatleit ubidd.


Eist Konzept:

Dir lount bei eis Beien, déi op ärem oder op eisem Terrain stoen kommen , an kritt um Enn vum Joer den Hunneg.
Dir ënnerstëtzt domat en nohaltegen Projet, an hëlleft der Beiepopulatioun op d'Been.

Firwat Beien ennerstetzen :

“Wenn die Biene einmal von der Erde
verschwindet, hat der Mensch nur noch
vier Jahre zu leben.
Keine Bienen mehr, keine Bestäubung mehr,
keine Pflanzen mehr, keine Tiere mehr,
kein Mensch mehr.“

Albert Einstein, Theoretischer Physiker







Honig ist eines der am häufigsten gepanschten Lebensmittel in Deutschland. Während echter Honig von der Blüte bis zum fertigen Brotaufstrich von Bienen hergestellt wird, besteht Fake-Honig meist nur aus Zuckersirup und Aromastoffen.

Quelle : www.rtl.de 18. Januar 2021



Wat mir bidden:

Äert Vollek kann bei eis stoen bleiwen , wann dir keng Platz hutt déi gëeegent ass.
Hutt dir Platz fir en Vollek kann et och op ärem Terrain stoen.
Den Zougang zu den Beien muss zu jidder Zäit fir eis méiglech sinn.
Fir kennen sëcher zestellen dat den Terrain un d'Besoien vun den Beien adaptéiert ass , mussen mer den Terrain am Viraus kucken kommen.

D'Beien ginn je no Saison an Noutwendegkeet all 7-10 Deeg kontrolléiert.
Eng Presenz bei Kontrollen ass no Ofsproch méiglech.
Och d'Summer an d'Wanterbehandlung géint Varroa destructor ass Bestanddeel vun deenen Kontrollen.
D'Beienkeschten an och soss Material ass aus Holz.
D'Beien ginn naturno gehale , dat heescht zB dat Kinnigin keng Flilleken geschnieden kritt.

Dir kritt den gesamten Ertrag un
Hunneg den ufällt, färdig geréiert an 500g Glieser ofgefëllt.
Eng Etikett ass op Ofsprooch hunn géint Oppräis méiglech.
Natierlech ass et net méiglech viraus ze soen weiviel dat pro Joer ass.
En Deel vum Hunneg verbleift bei den Beien fir dat déi iwwert den Wanter kommen.

Sollt dir keen Hunnig brauchen oder wellen , an awwer un der
Bestäubungsleschtung intresseiert sinn,
besteht Méiglechkeet, eis Beien während der Beiensaison (Fréijoer an Summer)
bei Är Planzen oder Beem opzestellen.










Fir 500g Hunnig sinn d'Beien ongefeier 120.000 km geflunn.
Wat quasi dreimol rounderem d'Erd ass.
Dobei hunn sie circa 75 Milliounen Bleien bestäubt.

D'Preiser:

Pro Vollek froen mir
600€ fir en Joer (oder 12x 50€), wann et bei eis um Terrain stoen bleiwt.

Wann D'Vollek bei Iech um Terrain steht froen mir
800€ fir en Joer, den Oppreis entsteht durch den neidigen Deplacement.
Et as och meiglech den Preis op 12 Meint op ze deelen (12x 67€).

Fir Bestäubungsleschtung froen mir
200€ pro Saison.

Gären kennt dir d'Preiser an den Noppeschlänner vergleichen.

https://aristabeeresearch.org/fr/adopte-une-ruche-arista/

oder

https://www.bee-rent.com/unser-angebot-preis.html

Wann Dir un eisem Projet intresséiert sidd oder anner Froën hudd,
kennt Dir eis ënnert der email:
hunnegbier@guirsch.lu oder iwwer dësen Formular erreechen.



Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü